Deng lëtzebuerger Studente Vereenegung zu Berlin - Prost!
De VLIB (Verein Luxemburger Student:innen zu Berlin) ass e Studenten- a Studentinneveräin, dee lëtzebuergesch Studente(n) zu Berlin zesummebréngt, ënnerstëtzt a begleet. Mir organiséiere flott Eventer, bidden eng Plattform fir den Austausch a setzen eis fir d’Intressie vun eise Memberen an – akademesch, kulturell a sozial. Egal ob s de grad zu Berlin ukomm bass oder scho méi laang hei studéiers: Beim VLIB fënns de Verbindung, Hëllef a vill gutt Momenter.