Deng lëtzebuerger Studente Vereenegung zu Berlin - Prost!
De VLIB (Verein Luxemburger Student:innen zu Berlin) ass e Studenten- a Studentinneveräin, dee lëtzebuergesch Studente(n) zu Berlin zesummebréngt, ënnerstëtzt a begleet. Mir organiséiere flott Eventer, bidden eng Plattform fir den Austausch a setzen eis fir d’Intressie vun eise Memberen an – akademesch, kulturell a sozial. Egal ob s de grad zu Berlin ukomm bass oder scho méi laang hei studéiers: Beim VLIB fënns de Verbindung, Hëllef a vill gutt Momenter.
VLIB - Event Lecht
Eventer dei vum VLIB organisiert gin zu Berlin fir nei an aal Studenten.
Béierpong Turnéier - Datum TBD
Flanky Ball Turnéier - Datum TBD
Freibéier - Datum TBD
Daf - Datum TBD
Späti Tour - Datum TBD
Volleyball Turnéier - Datum TBD
Lasergame - Datum TBD



VLIB Events sin mëll :
60+
Léit hun d'Events besicht
20
Events geplangt fir 2025
50+
VLIB Memberen
+400L
Béier goufe bis lo gedronk
Froen iwwert den VLIB
Fierwat Berlin ?
Berlin ass eng lieweg an international Metropol mat villen exzellenten Universitéiten an Héichschoulen. D’Stad ass mat enger aktiver Kreativzeen an engem dynamesche Start-up-Ökosystem en Zentrum fir Konscht, Kultur an Innovatioun. Dozou kann Berlin mat senger kultureller Diversitéit an engem spannenden Studentenliewen punkten. Maach et fir den de VLIB !
Wat fir Aktivitéite bitt de VLIB un ?
Mir organiséieren eng ganz Rei un verschiddenen Aktivitéiten, soudass fir jidfereen eppes dobai ass. Niewt eisen typischen Bierpongstournoi an eiser Spätitour organiséiren mir och regelméisseg Pubquizzen, Stammdëscher, Volleyballstournoien an nach villes méi ! Weider Highlight sinn och eis Events an Kooperation mar der Lëtzebuerger Amabassade zu Berlin an eisen Berliner Fräibéier.

Wéieng Unien ginn et zu Berlin ?
Zu Berlin ginn et circa 45 Uni'en an Héichschoulen. Dei gréissten sinn déi 4 staatlech Uni'en d’Freie Universität (FU), d’Humboldt-Universitéit (HU), d’Technische Universität (TU) an d’Charité. Weiderhinn ginn et nach 4 privat Unien, 5 staatlech Héichschoulen, 27 privat Fachhéichschoulen an 4 Konscht- a Musekshéichschoulen

Wéi kann ech den Comité kontaktéiren ?
Du kanns eis ganz einfach iwwert folgend Email an Social Media Kontos kontakaktéiren:
Instagram: @vlib.berlin
Whatsapp: tba
E-Mail: comite.vlib@gmail.com
Weiderhinn kënnt dir eisen Facebook Gruppen bäitrieden :
VLIB - Letzebuerger Studenten zu Berlin, VLIB - ob Wunnengssich zu Berlin VLIB - Mitfahrgelegenheit Berlin-Lëtzebuerg
Fierwat soll ech Member vum VLIB ginn ?
Mat enger Memberskaart ennerstëtzt du an éischter Linn den VLIB an seng Events. Als Member profitéiers du awer och vun ville Virdeeler: du kriss méi bëlleg Entrée bei eisen Eventer an dacks och eppes vir néicht ;) Außerdem kriss du all wichteg Informatioun per Mail an hues Virrecht ob verschidden Eventer.
Kann ech och aktiv am Comité matmaachen?
Jo, definitiv! Mir freeën eis ëmmer iwwert nei engagéiert Leit. All Summersemester fënnt eng Assemblé Générale statt, wou nei Membere kënnen an de Comité gewielt ginn. Wann s du Loscht hues dech aktiv anzebréngen, mell dech bei eis! Ënnert dem Joer kanns du dëch natirlech och bei eis mellen an eis als Coopté aushëllefen.